Gudde Mëtteg.
Mat zwee Joer huet de Jacques (4 Joer) eis gesot, hie wéilt fechte léieren. Fir mäi Mann a mech war dat en Hobby, un dat mir absolutt net geduecht hunn. Mir haten eis erwaart, dass eise Bouf eis géif froe fir Karate ze léieren oder Futtball ze spillen.
Am August 2019 krut de Jacques seng 4 Joer a mir si mat him an den éischten Training vum Baby Escrime gaangen. Hie war vun Ufank u begeeschtert!
Als Mamm fannen ech et besonnesch flott, dass mäi Bouf wärend dem Training esou vill Saache léiert. Übunge fir d’Fein- a Grobmotorik ze verbesseren, d’Konzentratioun ze stäerken, d’Reflexer ze trainéieren an dat Ganzt an enger Ambiance vun engem Maître Pizay, dee mat vill Passioun, Léift an Humor, senge klenge Fechter en Training ubitt, deen absolutt dem Alter vun de Kanner entsprécht.
Mme Simone Baustert-Bleser